Skip to content

MÄER SI PRETT!

Léif Wielerinnen a Wieler ,

An de leschte Joeren hunn d’CSV – Conseilleren am Diddelenger Gemengerot matt vill Engagement eng kritesch a konstruktiv Oppositiounspolitik gemaach.
Et ass elo Zäit fir e Wiessel : Mat Äerer
Hëllef gëtt den 11. Juni déi ongesond Allengherrschaft vun enger Partei an eiser Stad gebrach.
De Scheffen- a Gemengerot soll an eisen An eng Equipe sin, déi d’Zukunft vun Diddeleng zesumme plangt. Mir wënschen eis e konstruktiven Dialog mat alle Parteien a mat allen 19 gewielte Conseillerë vun Diddeleng. Transparent, kollegial an demokratesch- sou wëlle mir d‘Politik zu Diddeleng gestalten. Natierlech och am permanenten Austausch mat Iech, eise Bierger.
D’CSV- Diddeleng ass prett fir Verantwortung z‘iwwerhuelen. Mir sinn eng deelweis erneiert Equipe vun 19 Kandidaten aus Äerer Mëtt, verwuerzelt an der Diddelenger Gesellschaft matt Kompetenzen an Initiativgeescht.
Mir hu kloer Visiounen, wéi mer Diddeleng gestalten an no vier bréngen … net nëmme fir déi nächst 6 Joer, mee fir déi nächst Generatiounen.
Mir paken d’Problemer un, an hu konkret Léisungsvierschléi.
Gitt der CSV-Diddeleng eng Chance, vertraut eis !
Eist Häerz schléit fir Diddeleng.

Michèle Kayser-Wengler
Spëtzekandidatin a Gemengeconseillère
vun der CSV-Diddeleng

ENG GEMENG FIR Al A JONK

schoul

  • En oppent Ouer fir d’Proposë vum Schoulpersonal
  • Genuch Intervenanten an de Schoule fir de Kanner ze hëllefen (Éducateurs spécialisés, Orthophonistes, Psychomotriciens)
  • Transparent Planung vun den Invester an eise Schoulen: kloert Konzept vun der Struktur Baltzeng, Zukunft vum Turnsall Däich, Ausbau vu Butschebuerg
  • Performanten Internet an all Gebai, an all Sall
  • Tablett-Offer an all Gebai ausbauen
  • Eng Handycharta fir all Schoul (Sensibiliséierung fir eng responsabel Benotzung vum Handy)
  • Peer-Buddy Formatioun am Cycle 4 (Streitschlichter – Ausbildung)
  • Natur-an Ëmweltpädagogik an de Schoulen ausbauen
  • Eng Bëschspillschoul schafen
  • Méi Gréngs an de Schoulhaff
  • E séchere Schoulwee: e richtege Pedibus mat verantwortlecher Begleedung
  • Iwerall sécher Vëlosweeër fir an d’Schoul
  • An all Schoul e séchere Vëlos- an Trotinetten-Ënnerdach (och beim Lycée LNB).

kannerbetreiung

  • Eng richteg Bëschcrèche am Bësch, mat adäquatem Ënnerdach, an engem naturpädagogesche Konzept
  • Méi kommunal Crèchë schafen; eng Betriebscrèche opman fir d’Mataarbechter vun der Gemeng mat engem kohärente pädagogesche Konzept a mat flexiblen Ëffnungszäiten
  • Méi eng enk Zesummenaarbecht mat de private Crèchen duerch d‘Ausschaffe vun enger Crèche-Charta mat der Valorisatioun vum Lëtzebuergeschen.

MANNER STRESS AN DER MAISON RELAIS:

  • D‘ Wuelbefanne vun de Kanner muss am Vierdergrond stoen:  Psychomotricienen, Orthophonisten, Sonderpädagogen astelle fir an der Schoul an och an der Maison relais de Kanner zur Saït ze ston
  • Méi kleng Gruppe schafen; Kuschelecken an e Raum fir ze raschten an all Gebai
  • Fir dass e Kand méi Zäit a senger Famill ka verbréngen, sollt et an der Maison relais op d’manst 20 Deeg Congé kréien
  • Méi kannergerecht Menüen an der Kantin
  • En Elterecomité fir all Maison relais an d’Liewe ruffen
  • Enk Zesummenaarbecht Schoul/ Maison relais weider ausbauen: e Référant fir all Kand

famill

  • E mulitikulturelle Kanner-Elterecafé organiséiere mat Berodungsméiglechkeet
  • Eng flott Offer fir déi motoresch a kognitiv Kompetenze vun eise Klengsten ze fërderen
  • Wëckelméiglechkeet a Waasserspender op eise Spillplazen; Inklusiouns-Mobiliar op de Spillplazen, z.Bsp. eng Rollstull-Schaukel
  • Eng Trampolin-Spillplaz
  • Attraktiv naturverbonne Vakanzenaktivitéite fir eis Kanner a Jugendlech ausbauen.

jugend

  • D‘Konzept vum Jugendgemengerot mat de Jonken nei ausschaffen
  • Méi Léierplaze beim Betrib Diddelenger Gemeng ubidden
  • E selvergeréirte Jugendtreff am Zentrum, als Pop-Up Open-House Kreativzenter fir Jonker
  • Schalldichte Container op NeiSchmelz fir jonk Museker
  • Eng iwwerdeckte Skaterpist
  • Méiglechkeet fir jonk Diddelenger duerch Start-Up Wunnenge bezuelbare Wunnraum an eiser Gemeng ze fannen.

senioren

  • E Seniorebeoptragten engagéieren, eng Kontaktpersoun fir jiddereen
  • Background pattern

Description automatically generatedBetreit Wunnstrukture fir Seniore schafen, Méigene-ratiounenhaiser, Studenten/Seniore-Wunngemeinschafte schafen
  • D‘Senioren nët vergiesse beim Verdeele vu Sozial- respektiv abordabele Gemengewunnengen
  • Seniorenfrëndleche Mobiliar am Zentrum an an de Quartieren (Sport-a Sëtzméiglechkeeten)
  • Iwerdaach op Bänken a Schiedplazen op de Spillplazen
  • Ruff-Bus-Offer ausbaue fir och an d’Nopeschgemengen ze fueren, z.Bsp. Beetebuerger Park oder Déiereklinik. D‘Disponibilitéit ausbaue fir Leit mat passagèrer Aschränkung vun der Mobilitéit, z.b Transport an de Rehazenter .

ENG GEMENG NO BEIM BIERGER

  • D‘Décisioune vum Scheffen- a Gemengerot besser kommunizéieren
  • Den Internet-Site vun der Stad Diddeleng méi accessibel a méi benotzerfrëndlech gestalten
  • All Joer eng “Wëllkomm-Versammlung” fir nei Matbierger organiséieren, mat Presentatioun vun de Veräiner an Associatiounen
  • E gesond Aarbechtsklima am Gemengebetrib fërderen
  • De Gemengebetrib am Dialog mam Personal prett maache fir den digitalen an nohaltegen Erausfuederunge gerecht ze ginn.

SOZIALPOLITIK FIR JIDDEREEN

  • Als Gemeng Terrainë respektiv Haiser kafe fir abordabel Wunnengen ze schafen, an Zesummenaarbecht mat SNHBM, Fonds de Logement an och Privat-Promoteuren
  • Besser Kommunikatioun vun den Hëllefe respektiv Subsiden, déi all Bierger kann ufroen
  • CentButtek a Kleederstuff méi ënnerstëtzen an/oder och zu Diddeleng ubidden
  • Ënnerstëtze vun de proaktiven Aarbechtsmesuren (CIGL, SERVICE EMPLOI) zu Diddeleng.

MAT DISKUTÉIEREN, MAT DECIDÉIEREN

  • Elterevertrieder, Kannergemengerot, Biergerpanel etc. eescht huelen an op hier Proposë lauschteren: eng wichteg Aufgab fir de Scheffen- a Gemengerot
  • De Budget participatif ausbauen, an d’Projetë sou wäit wéi méiglech ëmsetzen
  • Regelméisseg ëffentlech Informatiounsversammlunge vum Scheffen- a Gemengerot mat den Diddelenger Bierger.

GELIEWTEN INTEGRATIOUN

  • D‘Méisproochegkeet vun de Kommunikatiounen op dem Internet-Site vun der Stad Diddeleng ass eng Noutwendegkeet
  • Integrativ Quartiersaarbecht fërderen. (Projet ENSEMBLE / Café des langues)
  • E bessert Matenee mat eise Flüchtlingen; si och net vergiesse beim Verdeele vu sozialen an abordabele Gemengewunnengen
  • Ënnerstëtze vun Integratiounsprojetë fir Kanner a Jonker mat enger Behënnerung an de kommunale Crèchen, an de Schoulen, an der Maison relais an an de Veräiner
  • Barrierefräien Accès – iwwerall eng Selbstverständlechkeet
  • Sensibilisatioun iwwert d’Projetë vun DIDDELENG HËLLEFT an de Schoulen an an de Maisons relais.

secherheet

  • Verbesserung vun der Beliichtung an de Quartierë mat Bewegungsmelder op oniwwersiichtleche Plazen

Méi eng grouss Policepresenz, fir dass d’Bierger sech méi sécher spiren

EngLIEWEG GEMENG

SPORT A VERÄINSLIEWEN

  • Op all Sportsterrain iwerdaachten Tribünen opriichten
  • Oppe Schwemm: 
    • e Gratispass fir Diddelenger Schoulkanner an der oppener Schwemm
    • besser Ëffnungszäite fir de Grand Public : Matinée ab 8 Auer, eng Nocturne bis 22 Auer
    • Online-Ticketservice  aféiere fir d’oppe Schwemm
  • Fair an transparent Subsidenopdeelung fir d‘Veräiner
  • D‘Visibilitéit vun den Diddelenger Veräiner verbesseren
  • Adequat Sportinfrastrukture fir jiddereen:
  • D‘Buvette an d‘Tribunen um Stade Nossbaum  an d‘Rei setzen
  • Schliessfächer an en Ënnerdaach beim Basketsterrain op NeiSchmelz

KULTUR AN TOURISMUS

  • Opstelle vun engem attraktiven a globalen Tourismuskonzept
  • Verbesserung vun den Informatiounsméiglechkeete fir Matbierger an Touristen an digitaler a méisproocheger Form
  • Den industrielle Patrimoine op NeiSchmelz valoriséieren a mat flotten Aktivitéite beliewen
  • Opwärte vun der Mobilhomestatioun am Quartier Italien
  • Ausbau vun eisen attraktive Wander- a Vëlosweeër an Ubannen un dat nationaalt Vëlosnetz
  •  Eng ëffentlech Grillplaz erëm an d’Liewe ruffen.
  • Weiderféiere vun der Renovatioun vun der Fassad vun eiser Parkierch St Martin
  • Revalorisatioun vum Gebai vun der Eligiuskapell op der Schmelz

gesondheet

  • Elo plangen: e Gesondheetszentrum op NeiSchmelz: Eng medezinesch Grondversuergung mat Poliklinik, Radiologie, mat engem IRM,  engem Dokteschhaus an enger Apdikt.

Ausbau vum kommunalen, schoulmedezineschen Service vun Diddeleng

GESCHÄFTSLIEWEN

  • Steigerung vun der Attraktivitéit vun Diddeleng fir Handwierksbetriber duerch den nohaltegen Ausbau vun Industrie- respektiv Handelszonen (Helper, Koibestrachen, Wolser)
  • Ënnerstëtzung vun neien an innovativen Entreprisen (Start-Up)
  • „Coworking-Space“: Bureaux satellites fir d’Frontalieren an  Diddeleng schafen, eventuell mat integréierter Crèche. Dat kënnt de Restaurateuren an de Geschäftsleit zegutt.

wunnen AN ENGER NOHALTEGER GEMENG

weiderentwécklung vun diddeleng

  • De Wuesstem vun der Stad plangen am Aklang mat engem verbesserte Verkéierskonzept
  • Schafe vu Begéinungszonen an all Wunnquartier (Spillplaz, Park) fir all Altersgruppen
  • Beliewung an Ariichtung vu méi grénge Plazen am Stadkär
  • En ofgesëcherte Muppepark wou d’Hënn fräi lafe kënnen
  • En Déierekierfecht plangen.

BAUTEN – A WUNNENGSPOLITIK

  • D’Gemeng muss Verantwortung iwwerhuelen: méi Invest an den abordable Logement fir jonk Famillen
  • Gemengenterrainen, déi brooch leien, esou schnell wéi méiglech bebauen
  • Konstruktiv mat Privatleit a Promoteuren  zesumme schaffe fir Terrainen opzemaache fir Wunnraum ze schafen
  • Drock maache beim Ausbau vun NeiSchmelz
  • Méi alternativ Wunnforme fir jidderee promouvéieren:  Wunngemeinschaften, Inklusiounswunnengen
  • Zentral Wunnenge fir eeler Leit, Méigeneratiounshaiser an endlech „betreit“ Wunnméiglechkeete realiséieren
  • Koherent Reglementatioun fir „Tiny Houses“ och op Privat -Terrainen
  • Start-Up Wunnenge fir Jonker schafen .

VERKÉIER A MOBILITÉIT

  • Eng koherent Verkéierspolitik wou all Bedeelegte respektéiert gëtt
  • Den Auto brauch seng Plaz am Verkéier: sécher, fléissend a verantwortlech fuere muss ëmmer méiglech bleiwen
  • Fir de Verkéiersfloss ze verbessere muss de Problem „CFL-Barrièren“ esou séier wéi méiglech konkret ugepaakt ginn
  • Iwerall sécher Vēlosweeër an e séchert Foussgänger- a Vëlosweenetz fir dass d’Wunnquartieren ënnerenee verbonne ginn
  • Bei gréissere Schantecher: och Deviatioune fir Foussgänger a Vëloen ausweisen
  • Genuch Vël’OK-Statiounen a Vëlosstellplazen duerch Diddeleng, och fir “Lastenräder”
  • Eng Verbesserung vun den Zuch-Verbindungen an d’Stad Lëtzebuerg
  • Préiwen, ob eng Tram-Linn Volmerange-Beetebuerg-Gare méiglech a sënnvoll ass
  • Eng Busverbindung op d’Gare vun Näerzeng zu de Spëtzestonne schafen
  • Bau vun enger direkter Verbindung vun der Lëtzebuergerstroos zur Näertzengerstrooss laanscht d’Collectrice A13
  • De Quartier „A Bëlleg“  soll e Shared Space ginn.

EMWELT- AN ENERGIEPOLITIK

  • Klimapakt- a Klimabündnis-Ziler maximal ustriewen
  • Méi Gréngs an all Quartier vun eiser Stad
  • Begréngt Bushaisercher
  • Gréng Spillplaze mat genuch Schiet
  • Promotioun vu Blummewisen, Insektenhotellen a grénge         Virgäertercher.
  • Den Ausbau vun erneierbaren an alternativen Energiequelle fërderen; besser informéieren iwwert d‘Subsiden déi all Bierger kann ufroen
  • Balkonphotovoltaïk erlaben
  • De Veräiner hëllefen “Green Events” z‘organiséieren
  • D’Mülltrennungskonzept muss bei grousse Veranstaltungen am Dialog mat de Veräiner ausgebaut ginn
  •  Ënnerstëtze vu Foodsharing-Projeten a Repair-Café .

NOHALTEG FINANZ- AN INVESTITIOUNSPOLITIK

  • E Finanzéierungsplang fir all gréisseren Invest mat Berechnung vun den Ënnerhaltskäschte vun de Projeten
  • A picture containing building

Description automatically generatedD‘Devisë streng kontrolléieren a mat Rigueur op d’Anhalen insistéieren.