Aktualiteit

Dudelange : et soudain, des trains directs vers Luxembourg

Stellungnam vun eiser Gemengeconseillere Francoise Kemp zu der Problematik vum Zuch.

D’CSV Diddeleng fuerdert dass zwee direkt Zich Richtung Stad een MUSS ass. Wann dat net ëmsetzbar ass misst no aner Alternativer gesicht gin (wei zum Beispill Train-Tram).

Zwischen Wissenschaft und Politik:

 Artikel vum Françoise Kemp als neien CSV Gemengeconseillere zu Diddeleng

Eng Schwemm fir Jiddereen…?

 

Mammendag Aktioun 9.06.2022

Memberen vun eiser Sektioun hunn hier traditionell Rosen Verdeelung den Donneschden virun Mammendag beim Maart verdeelt

Fir weider Andréck kennt der an eiser Rubrik Foto kucken goen.

Ausseruerdentlechen Nationalkongress 11.06.2022

Den 11ten Juni war déi ausseruerdentlechen Nationalkongress am Forum Geesseknäppchen. Haaptmotto vum Kongress war “mir sinn déi nei CSV”. Domat ass den neien Slogan an neien Logo vun eiser Partei virgestallt gi.

Fir weider Andréck kennt der an eiser Rubrik Foto kucken goen.

CSV-Diddeleng mat engem Stand op der Journée Commerciale den 4 Juni 2022

Eis Sektioun war gutt vertrueden um traditionellen Journée Commerciale zu Diddeleng.

An deem Sënn haten mir gutt Echangen mat den Awunner vun der Stad Diddeleng an Visiteuren.

Fir méi Andréck zekreien, sinn méi Fotoen an eiser Rubrik Fotoen zegesin.

Assermentation vum Françoise Kemp als Gemengeconseiller

An der Gemengerotssëtzung vum Freideg 3. Juni 2022, gouf déi nei Gemengeconseillère Françoise Kemp vun der CSV vum Buergermeeschter Dan Biancalana vereedegt. Si ersetzt d’Sylvie Andrich-Duval.

Aarmut zu Letzebuerg CSF an CSJ Konferenz 19.06.2022

CSF an CSJ Sektioune vun Diddeleng a Monnerech schécken Iech dës Invitatioun virun :

Aarmut zu Lëtzebuerg. E Schnatt duerch d’Gesellschaft ?

Sonndeg, 19. Juni 2022 um 10.00 Auer am Centre Saint Martin, 2, rue Antoine Zinnen, L-3597 Dudelange.D’Konferenz ass mat den Deputéierten Marc Spautz a Paul Galles.

No der Konferenz ass d’Méiglechkeet zesummen e Maufel an de Restaurant Loxalis zu Diddeleng iessen ze goen. All Informatiounen (Umeldung bis spéitstens den 8. Juni) am ugespéngelte Flyer op der zweeter Säit.

Merci Sylvie

No 21 Joer am Diddelenger Gemengerot, 16 Joer Fraktiounsspriecherin, 13 Joer Presidentin vun der CSV Diddeng huet d’Sylvie Andrich-Duval seng Demissioun am Gemengerot agereecht. Mir soen dem Sylvie villmools Merci fir säi jorelaangen Asaatz a wënschen him Alles Guddes an senger nei gewonnener Frei-zéit.

D’Sylvie bleift eis awer am Kommitee erhalen, seng Experienz ass en vue vum Waljoer 2023 immens wäertvoll.

Nei CSV- Conseillère gëtt d’Françoise Kemp, wat den 2.6. wäert vereedegt gi.

Don fir den Televie

Fir eis Sektioun war eng selbstverständlecht dass mer eisen Beitrag fir den Televie leeschten. Eis Sektioun huet op eiser Generalversammlung den vum eisen Member Steve Humbert selwer gemachten Limencello an Orangecello verkaf. Mir soen dem Steve een groussen Merci fir déi sou gutt geschmaachten Limencello an Orangecello.

 

Domat spent CSV Diddeleng dem Televie vun eng Zomme vun 2022€.

Generalversammlung 2021 CSV Diddeleng

Den 25 Abrëll 2022 war déi alljärlech Generalversammlung vun eiser Sektioun am Centre St Martin.

Den Aktivitéitsbericht vum Joer 2021 vun der Sektioun an vun eisen Gemengeconseilleren am Gemengerot ass presentéiert gi.

Och eis Keesen vun CSF, CSJ an CSV aus eiser Sektioun sinn ënnert Lupp geholl an fir Joer 2021 sou approuvéiert gi.

Dono wäerten och zwee Changementer am Niveau vun der Sektioun gi.

Bei der CSF hält Nicole STROCK-KARRENBAUER als Sekretär op an et iwwerhuelt Monique BIREN-KETTEL.

Bei der CSV hätt den Laurent GIACOMINI als Sekretär op an et iwwerhëlt den Thierry POTT.

Mir soen eisen zwee Memberen villmools Merci fir déi Aarbecht wou se geleescht fir eis Sektioun an wënschen deenen neien zwee Sekretären bonne Chance fir hiren neien Challenge.

Och fir den Televie ass eppes gemaach gi op eiser Generalversammlung. Mir hunn hausgemaachen Limencello an Orangecello verkaf. Mir soen eisem Member Steve Humbert villmools Merci dofir.

Fir weider Foto vun der Generalversammlung kennen gesinn, kennt der wei gewinnt op eiser Foto Rubrik luussen goen.

Zesummen staark fir Ukraine

Den ganzen Gemengerot wou eis Gemengeconseilleren vun eiser Sektioun och dobäi sinn stinn alleguerten hannert der Ukraine.

Domat ënnerstëtzt CSV Diddeleng an eis CSV Gemengeconseilleren den Gemengerot fir déi Haltung géigeniwwer dem Ukraine Krich.

Südbezirkskongress 2022 zu Stengefort

Den Donneschden 3 Mäerz 2022 war déi traditionelle Südbezierkskongress zu Stengefort. Des kéier konnten Delegéierten en presidentiell an iwwert Video drun deel huelen.

Vun eiser Sektioun waren och eng Delegatioun do vertrueden.

v.l.r Annette Kemp-Klemann, Thierry Pott, Michèle Kayser-Wengler, Christophe Hansen (CSV General Sekretär/Europa Deputéierten), Francoise Kemp, Claude Wiseler (CSV President/ Deputéierten)

OP DEN PUNKT “Esch22” am Bliedchen

Ouverture Zeremonie ESCH 2022

Wei schoun an eiser Annonce am aktuellen Bliedchen drasteet, war eng Delegatioun vun eiser Sektioun bei der Ouverture Zeremonie vun ESCH 2022 dobäi.

Mei Andreck fannt Dir an eiser Fotos Rubrik

Bericht vun der Gemengerootssitzung vum 15.10.2021

Villes ass gutt, mais d’CSV gesäit nach e puer Onkloerheeten an hätt e puer Akzenter gesat.
Mir hunn eis beim Vote enthal. Firwat?
Hei d’Argumentatiounen vun eisen Conseilleren op den Link.

Mëtsche verdeelen um Diddelenger Moart 2022

Weints der aktueller sanitärer Kris an den héigen Zuelen, hun mir als CSV Sektion entscheed den traditionnelen Neijoer’s Patt oofzesoen an amplaatz des Metschen Aktioun um Diddelenger Moart ze starten!

Mei Andreck fannt Dir an eiser Fotos Rubrik

Budget 2022

CSV Nolauschtertour 2021 zu Diddeleng