Zesumme fir eis Stad

Eis Kandidaten fir d’Gemengewahlen 2017

Eng dynamesch an engagéiert Equipe fir d’Gemengewahlen vum 8. Oktober 2017

 

9 Fraen an 10 Männer, déi sech zesummen engagéiere wëlle fir d’Interesse vun alle Bierger vun der Stad Diddeleng.

Mir setzen eis a fir d’Liewensqualitéit an eiser Stad héichzehalen, solidaresch mat allen Alters- a Bevëlkerungsgruppen.

Mir sinn eng Partei aus der Mëtt a mir sinn no bei de Bierger.

E klore Plang fir eng staark Gemeng.

Mir hunn en oppent Ouer fir Är Uleies a Suergen. Zéckt net eis unzeschwätzen oder eis hei um Site ze kontaktéieren.

 

 

 

CSV-Nationalkongress 2017

Fir de CSV-Nationalkongress 2017 haten sech iwwer 550 Delegéiert a Memberen an der Däichhal zu Ettelbréck afonnt. Och d’Diddelenger Sektioun war ganz gutt vertrueden.

Nieft verschidde Rapporte an enger Diskussiounsronn mat engagéierte Jonke stoung d’Resolutioun vun de Chrëschtlech-Soziale Gemengeréit „E klore Plang fir staark Gemengen“ um Programm.

Am zweeten Deel vum Kongress stoungen d’Riede vum Parteipresident Marc Spautz, vum Éieregaascht Pedro Passos Coelho, Premierminister vu Portugal vu 2011 bis 2015 a President vun der Schwësterpartei PSD, ewéi vum Claude Wiseler, Fraktiounspresident an nationale Spëtzekandidat, am Mëttelpunkt.

D’Diddelenger Sektioun ass mat flotten Iddien a voller Motivatioun aus dësem Nationalkongress erausgaangen.

 

Generalversammlung 2017

Generalversammlung vum 21. Mäerz 2017

Nieft de Rapporte vun der CSJ-, CSF- a der CSV-Sektioun Diddeleng, sinn och eis laangjäreg an trei Membere geéiert ginn.

No der Ried vum Parteipresident Marc Spautz, hunn sech d’Kandidate vun de Gemengewahlen 2017 konnte mat de Leit iwwert hir Gemeng ënnerhalen.

jepeuxvoter.lu

Les étrangers peuvent également participer aux élections communales ! Inscrivez-vous :  http://www.jepeuxvoter.public.lu/fr.html (FR)

Ausländer dürfen bei Gemeindewahlen ihre Stimme abgeben! Tragen Sie sich ein: http://www.jepeuxvoter.public.lu/de.html (DE)

Och Auslänner kënnen u Gemengewahlen deelhuelen! Schreift Äech an: http://www.jepeuxvoter.public.lu/lb.html (LU)

Foreigners can also take part in the communal elections! Get involved: http://www.jepeuxvoter.public.lu/en.html (EN)

Na qualidade de residente não luxemburguês, pode participar nas eleições municipais! Registe-se: http://www.jepeuxvoter.public.lu/pt.html (PT)

 

Info:

http://www.jepeuxvoter.public.lu/content/dam/jepeuxvoter/publications/olai-flyer-web-2170116.pdf

REFERENDUM

REFERENDUM

IMG_4951-554x312

https://referendum.csv.lu/news/?id=47528