Pot de nouvel an

Wéi all Joers organiséiert t’ CSV Sektioun Diddeleng den traditionellen Neijooschpatt am Veräinshaus zu Diddeleng (rue A. Zinnen), an zwar den Donneschdeg, 6. Januar 2011 ab 19:30.

Mir géifen eis iwwer Ären Besuch freën.

Ausflug op Stroossbuerg organiséiert vun der CSF Diddeleng

Um Programm stinn ënner anerem eng Diskussioun mam Europadeputéierten Georges Bach iwwer aktuell europäesch Themen an d’Besichtegung vum Plenarsall.

Vu 15 Auer un bleiwt nach Zäit fir am Zentrum vu Stroossbuerg Akeef ze maachen z.B. um Chrëschtmaart.

Gèint 18.00 Auer fuere mir zréck op Diddeléng wou mer da spéitstens géint 21.00 Auer ukommen.

Journée Commerciale 2010 zu Diddeleng

foto par Raymond Schmit

Wéi all Joers war t’ CSV Sektioun Diddeleng och dës Kéier  op der “Journée Commerciale” mat engem Stand vertrueden. Et gouf getrei dem CSV Motto “Mat Iech am Gespréich” fläisseg mat den Biergerinnen a Bierger diskutéiert.

Wëllkomm um neien Internetsite vun der CSV Diddeleng!

Mir wënschen Iech en agreablen an informativen Openthalt op eisem neie Site dee visuell an technesch op deen neiste Stand bruecht gouf.

An Zukunft kënne mir net nëmme méi Informatioune publizéiere mä och mat Hëllef vun dëser Plattform am Dialog mat Iech stoen. Notzt dofir t’ Méiglechkeet fir eis Publikatiounen ze kommentéieren!

Op de Punkt vum Mee 2010

Hei fannt Dir eis lescht Publikatioune vum Mee 2010 zu de Sujet’en:

– Wege aus der Krise in Düdelingen?

– Keine falsche sozialistische Bautenpolitik mehr!

– Der sozialistischen Majorität auf den Zahn gefühlt

Op de Punkt Mee 2010