Är Meenung zielt: d’CSV-Matmaach Box

An alle 46 Proporzgemenge trëtt d’CSV bei de Gemengewahle den 8. Oktober 2017 mat enger Lëscht un.

Fir dem Bierger eng méi direkt Partizipatioun un de Gemengewahlen ze erméiglechen, huet d’CSV eng “Matmaach Box“ an d’Liewe geruff. Dës Matmaach Box kënnt Dir op: https://maachmat.csv.lu/ fannen.

Et ass eis och wichteg, dass auslännesch Matbierger motivéiert ginn sech op d’Wielerlëschten anzeschreiwen an dass mir op d’Bréifwahl opmierksam maachen. Weider Informatioune ginn et och nach op dësem Link: http://www.jepeuxvoter.public.lu/fr.html.