Zesumme fir eis Stad

Eis Kandidaten fir d’Gemengewahlen 2017

Eng dynamesch an engagéiert Equipe fir d’Gemengewahlen vum 8. Oktober 2017

 

9 Fraen an 10 Männer, déi sech zesummen engagéiere wëlle fir d’Interesse vun alle Bierger vun der Stad Diddeleng.

Mir setzen eis a fir d’Liewensqualitéit an eiser Stad héichzehalen, solidaresch mat allen Alters- a Bevëlkerungsgruppen.

Mir sinn eng Partei aus der Mëtt a mir sinn no bei de Bierger.

E klore Plang fir eng staark Gemeng.

Mir hunn en oppent Ouer fir Är Uleies a Suergen. Zéckt net eis unzeschwätzen oder eis hei um Site ze kontaktéieren.