Léif Frënn

Léif Frënn,

mir ginn an déi lescht Woch virum Referendum vum 7. Juni an de Südbezierk huet eng intensiv Kampagne hanneru sech, wou mir bis elo wäit iwwer 700 Leit op all eise Versammlungen haten. Et ware gutt Versammlungen mat intressanten Diskussiounen, wou d’CSV-Equip mat kloren Argumenter d’Positioun vun der Partei erkläert huet. Elo schonn all deenen ee grousse Merci déi dëst méiglech gemaach hunn.

Et heescht dann dës Deeg nach eng Kéier mobiliséiren a ënnerstëtzen. Haut a muer den Owend heescht et nach eng Kéier “Opposition on Tour”, an dat zu Esch am Ariston a muer zu Péiteng am Home. Avis aux amateurs fir all, déi Zäit hunn, et geet all kéiers em 19h30 un. Mobiliséiert och nach eng Kéier ären Entourage.

Da sief bemierkt, dass muer zu Käl an e Samschdeg zu Diddeleng Braderie ass. Eis Sektiounen hunn deen Dag iwwer e Stand an et wier flott wann een d’Kollegen op der Plaz géif ënnerstëtzen. Méi Detailer am Südagenda an op der Facebook-Sait vun CSV Süden.

Merci nach eng Kéier fir äert Engagement a bis geschwënn.

Felix EISCHEN

Bezierkspresident