FAIRTRADE

Léif Sektiounspresidenten a Sekretären,

Ech well Iech drop opmierksam maachen dat vum 5. bis den 21. Mee déi 3. Ausgab vun der nationaler Campagne „Lëtz’ Step to Fairtrade“ vu Fairtrade Lëtzebuerg leeft.

Des Campagne soll d’Veräiner a Privatleit op de Faire Handel sensibiliséieren, andeems si zB hir Manifestatioune mat Fairtrade Produiten organiséieren.

Falls Dir eng Manifestatioun während dëser Periode hutt, géif ech Iech invitéieren des Manifestatioun ënnert dem Motto „Lëtz’ Step to Fairtrade“ z’organiséieren, andeems Dir méiglechst vill Fairtrade Produiten zerwéiert.

Dir kennt Är Manifestatioun dann och op dem Agenda vu Fairtrade Lëtzebuerg ukënnegen (http://fairtrade.lu/index.php/de/aktionen-515.html).

Als Fairtrade Partei läit et mir besonnesch um Häerz dat méiglechst vill Sektiounen un dëser Aktioun deelhuelen.

Weider Informatioune fannt Dir op: http://fairtrade.lu/index.php/de/letz-step-to-fairtrade-514.html.

Laurent Zeimet
CSV Generalsekretär

 CSV-Logo CMYK print