Eise Premier

Banner-site-internet-JJ-2

Dir Dammen an dir Hären,

Léif Leit,

Den 20. Oktober gi mer wielen. Fir datt mer eis nees mat de fundamentale Problemer vu Lëtzebuerg kënne beschäftegen. Fir datt eis voll Konzentratioun dohinner geet, wou se higehéiert, nämlech op déi reell Problemer vu Land a Leit.

Aner Parteien „maache“ Politik. Mir wëllen se gestalten. Dofir brauche mer Äert Vertrauen! Fir meng Partei a fir mech ginn d’Wahlen net einfach. Sief et och nëmmen, well déi aner Parteie sech informell eens gi sinn, d‘CSV aus der Regierungsverantwortung ze katapultéieren, onofhängeg vum Wahlresultat. Mir sinn awer der Meenung, datt d’Land weder enger Partei nach iwwerhaapt de Parteie gehéiert. Keng Partei däerf dominéieren, mee keng Partei däerf prinzipiell eng Partei vu vir eran eliminéieren. Eng Dräi-Parteie-Koalitioun géint d’CSV ass Revanche, ass Loscht op Muecht. Ee stabilt Konzept fir Lëtzebuerg a fir Lëtzebuerg an Europa ass se net.

D’Welt an Europa si méi komplizéiert ginn. Et geet net duer, dorop mat kecke Spréch ze reagéieren. Dat, wat aus Erfahrung gutt ass muss een halen. Dat, wat ee muss ännere – an et muss muenches ännere – dat muss ee mat kloren Bléck fir d’Noutwennegkeete vun der Zäit a fir d’Chancen, déi d’Zukunft bereet hält, maachen. Eise Wahlprogramm weist an d’Zukunft. Et ass een Zukunftsplang fir Lëtzebuerg. Et geet bei de Walen net nëmmen ëm d’Persounen. Et geet virun allem ëm Iddien, Propositiounen a Konzepter, déi an den nächste Jore sollen a mussen ëmgesat ginn. Et sinn eis Iddie fir déi Zäit, déi kënnt.

Déi zentral Motiver vun eisem Programm si Fairness a Stabilitéit. Eng fair Politik fir d’Leit. Eng stabil Politik fir d’Land. Mir musse méi no beienee réckelen, fir zesummen eng méi fair Gesellschaft ze schafen. Mir däerfe keng künstlech Géigesätz erfanne – déi Jonk géint déi méi Al, d’Lëtzebuerger géint d’Auslänner. Mir musse beienee behalen, wat zesumme gehéiert. D’CSV kann dat maachen. Besser wéi anerer. Bei hir lafen Erfahrung an nei Weeër zu enger Politik aus engem Goss zesummen.

Net d’CSV bestëmmt hei am Land. Keng Partei huet dat ze maachen. Dir maacht dat. Mir féiere kee Wahlkampf géint anerer. Mir froen Äert Vertraue fir d’Saach vun eisem Land weiderzebréngen a fir mat Iech no vir ze kucken.

Jean-Claude Juncker
Staatsminister